De Mëttwoch de Mueren huet den Haff nei Fotoe vum Prënz Charles verëffentlecht.

Den 10. Mee ass de Prënz Charles op d'Welt komm, elo huet den Haff 3 Deeg no der Gebuert nei Fotoe verëffentlecht. Dës weisen de Puppelchen am Spidol, an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Stad.

© CélineMaia-StudioByC

De Mëttwoch de Mëtteg dierf de Charles dann och d'Spidol verloossen a mat sengen Elteren heem goen.

© CélineMaia-StudioByC

Donieft huet den Ierfgroussherzog Guillaume dëse Mëttwoch op der Stater Gemeng de Gebuertsschäi vum Prënz Charles ënnerschriwwen.