Wéinst der gudder Entwécklung zu Lëtzebuerg wäert d'Bundesregierung déi systematesch Grenzkontrollen op de Grenzen de Samschdeg op en Enn bréngen.

D'Kontrollen op den däitsche Grenze solle vun de Samschdeg u méi labber gemaach ginn. Deemno sollen dem Bundesinneminister Horst Seehofer no vun do un d'Kontrollen op de Grenziwwergäng mat Lëtzebuerg komplett ewechfalen, eng ähnlech Léisung géif ee mat Dänemark sichen.

D'Kontrollen op de Grenze mat Frankräich, Eisträich an der Schwäiz sollen an engem éischte Schratt méi labber gemaach ginn a vum 15. Juni u ganz ewechfalen, wann d'Situatioun dëst zouléisst.

Den Ausseminister Jean Asselborn weist sech erfreet iwwer d'Decisioun vun der däitscher Bundesregierung de grenziwwerschreidende Verkéier an nächster Zäit erëm op all de Grenziwwergäng wëllen zouzeloossen an déi systematesch Grenzkontrollen tëscht Däitschland a Lëtzebuerg opzehiewen.

Et géif elo drëms goe fir zesumme mat den däitsche Kollegen auszeschaffe, wéi dës Decisioun kéint genee ëmgesat ginn. Dat virun allem mam Hannergrond vun de Mesuren, déi an Däitschland gëllen.

LINK / Liest hei de ganze Communiqué!