De Konto mam Numm „Guillaume Jean De Nassau“ (@JeanNassau) huet näischt mam Ierfgroussherzog oder mam Haff ze dinn.

Wéi et vum Haff heescht wier een an der Lescht e puer mol dorop opmierksam gemaach ginn, dass en Twitter-Konto mam Numm vum Ierfgroussherzog zirkuléiert. Ma dëse Konto mam Numm „Guillaume Jean De Nassau“ (@JeanNassau) hätt weder eppes mam Ierfgroussherzog nach mam Haff ze dinn.

Et biet een d'Leit deemno de falsche Konto net ze beuechten an en och net ze suivéieren.

Et hätt een iwwerdeems déi néideg Demarchen ënnerholl.

Liest hei de ganze Communiqué:
La Cour grand-ducale a été contactée à plusieurs reprises au sujet d’un compte Twitter qui circule au nom de Son Altesse Royale le Grand-Duc héritier.
La Cour grand-ducale tient à préciser que le compte « Guillaume Jean De Nassau » (@JeanNassau) visible sur la plateforme en question n’a aucun lien avec le Grand-Duc héritier, respectivement la Cour grand-ducale. Il s’agit donc d’un faux.
Nous prions le public de n’y donner aucun crédit et de ne pas donner suite.
Le Maréchalat de la Cour a entamé les actions et démarches qui s’imposent.