Den Auto war net richteg ugemellt an de Chauffer war trotz Fuerverbuet ënnerwee. Um Enn koum nach en Accident dobäi.

Bei enger Kontroll war an der Nuecht vun den Dënschdeg op e Mëttwoch géint 2.45 Auer op der A4 a Richtung Esch der Police en Auto opgefall, deen net richteg ugemellt war. Wéi d'Beamten de Chauffer wollte stoppen huet deen sech a Richtung Esch duerch d'Bascht gemaach.

Bei der „Escher Schwemm“ koum et dunn awer zum Accident. Wéi sech erausgestallt huet, hätt de Mann guer net dierfte fueren, hien hat nämlech e Fuerverbuet. Dofir war den Auto fort an eng Plainte gouf gemaach.