Wéi gesäit d'Situatioun vun den Infektiounen aktuell an den Altersheemer zu Lëtzebuerg aus? Doriwwer kruten d'Deputéiert elo nei Informatiounen.

Zënter dem 30. Abrëll gouf et an den Alters- a Fleegeheemer hei am Land keng nei Covid-19-Infektioune méi. Dat huet d'Familljeministesch Corinne Cahen dëse Mëttwoch an der zoustänneger Chamberskommissioun matgedeelt. Am Ganze sinn 63 Residenten infizéiert, 75 gëlle mëttlerweil als geheelt, 35 si gestuerwen. Aktuell gi generaliséiert Corona-Tester an den Heemer duerchgefouert. Beim Personal goufe vun 3.742 Leit der 147 positiv getest.