Déi nei Reegelung gëlt fir all Kaart, déi nom 1. Mäerz ofgelaf ass.

An der Chamber ass dëse Mëttwoch eestëmmeg e Gesetz guttgeheescht ginn, duerch dat d'Carte d'Identitéen, déi nom 1. Mäerz ofgelaf sinn, elo méi laang valabel bleiwen. D'Iddi hannendrun ass, datt net jidderee mat eneen op d'Gemeng geet, fir seng Kaart ze erneieren. Et wëll een de Gemengen och méi Zäit araumen, hir Aktivitéiten no der Kris nees opzehuelen. Deemno bleift d'Carte d'Identité während dem Noutstand an och 3 Méint duerno weider gülteg.