Zu Lëtzebuerg solle flächendeckend Covid-19-Tester gemaach ginn, dat an der Woch vum 18. Mee un.

Zu Lëtzebuerg solle flächendeckend Covid-19-Tester gemaach ginn. Wéi Research Luxembourg dëse Mëttwoch matgedeelt huet, wëll een domat an der Woch vum 18. Mee ufänken. Et wier virgesinn, mat méi klenge Kapassitéiten unzefänken. Dës sollen etappeweis ausgebaut gi fir an der Woch vum 1. Juni déi voll Kapassitéit un Tester ze erreechen.

Wéi et weider heescht sollen déi 17 Drive-In-Statiounen no an no am ganze Land opgoen. Aktuell gëtt dann och gekuckt, ob ee Leit, déi keen Auto hunn, an esou Statiounen an der Géigend vun der Stater Gare kann testen. An den nächste Woche wëll een d'Bierger da kontaktéieren, fir sech testen ze loossen. Weider Detailer wëll een den 18. Mee matdeelen.

Wéi et en Dënschdeg nach geheescht hat, wieren déi annoncéiert Tester an deem Volume aktuell net méiglech. Dat hat d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an der zoustänneger Chamberskommissioun erkläert. Hei war et d'Annonce, datt d'Logistik dofir de Moment feele géif.