Bis ewell ass scho villes iwwer d'Symptomer an d'Gefor vum Virus bei Kanner gewosst. Vill Wichteg Froe stinn awer nach op, grad wat d'Ursaachen ugeet.

Wéi empfindlech si Kanner fir eng Infektioun mam Coronavirus a wéi eng Roll spille si bei senger Verbreedung? Ënner anerem dorëms ass et op enger Pressekonferenz den Donneschdeg de Muere vu Research Luxembourg gaangen.

Dofir goufen d'Resultater aus enger ganzer Rëtsch Analysen, Etüden an Erkenntnisser op nationalem an internationalem Niveau analyséiert.

Kanner manner „infektiéis“ wéi Erwuessener
Esou wier d'Ustiechungsgefor, déi vu Kanner ausgeet éischter kleng, huet den Dr. Rudi Balling, Direkter vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine, erkläert. Se wieren zwar den Etüden no grondsätzlech „infektiéis“ awer warscheinlech vill manner wéi Erwuessener.

Weider weisen d'Daten, dass d'Kanner zu engem Groussdeel keng Symptomer entwéckelen, dat awer mat Ausnamen.

Manner dacks, dofir awer méi verschidde Symptomer
Hei läit dann och de Problem, wat d'Zuel vun den Infektiounen ugeet. Bis ewell goufe jo z.B. zu Lëtzebuerg nëmmen déi getest, déi och Symptomer gewisen hunn. Kanner déi keng Symptomer gewisen hu goufen net getest a konnten dofir och net mat an d'Infektiounsstatistike mat agerechent ginn. Ob den nidderegen Infektiounstaux domat ze erklären ass, ass awer net ganz kloer.

Kanner géifen donieft den Analysen no och vill méi verschidde Symptomer weisen, wann der dann awer optrieden.

A béide Beräicher weess een awer nach net genee u wat dat läit, dat wier dem Rudi Balling no awer wichteg. Esou kéint ee geziilt kucken, ob een dës Erkenntnis villäicht fir en Traitement kéint applizéieren.

Virus ass fir Kanner nëmme ganz seelen déidlech
Wat dogéint relativ kloer ass, ass dass Kanner nëmme ganz seelen un de Suitte vum Virus stierwen, och wann et där Fäll natierlech ginn. Wichteg ass ze soen, dass et ëmmer Ausname ginn, grad vulnerabel Kanner wieren duerchaus engem héije Risiko ausgesat schwéier krank ze ginn oder esouguer ze stierwen.

Wat déi aktuell Fäll vun akuten Entzündungsyndromer bei Kanner ugeet, déi queesch uechter d'Welt gemellt ginn a vun deenen een ausgeet, dass se mam Coronavirus zesummen hänken, do misst een elo ganz genee hikucken. Trotzdeem missten d'Fäll och a Relatioun mam Total vun den Zuele gesat ginn, vun deenen se nëmmen e ganz klengen Deel ausmaachen.
Et wier deemno kee Grond zur Panik.

Och zu Lëtzebuerg géifen et där Fäll, déi Ähnlechkeete mam sougenannte Kawasaki-Syndrom hunn. Dëst Syndrom hätt et awer och scho virdru ginn an et wier an der Reegel relativ gutt ze behandelen.