D'Zuel vun den Asyldemanden ass wuel duerch d'Situatioun un de Grenzen am Abrëll däitlech zeréckgaangen.

Am Abrëll hunn nëmmen 10 Persounen zu Lëtzebuerg eng Asyldemande gemaach, do virdru waren et der pro Mount all Kéier däitlech iwwer 100. Wéi et vum Ausseministère heescht goufen an deem Zäitraum 37 Decisioune geholl, an alle Fäll gouf et e Refus vun der Demande.

Iwwerdeems goufe keng Persounen op Lëtzebuerg ëmverdeelt oder heemgeschéckt.