Duerch en neie Label kënnen d'Betriber aus dem HORECA-Secteur weisen, dass si déi néideg Mesurë fir d'Sécherheet geholl hunn.

Och wann nach keen Datum fir d'Ouverture vun de Restauranten an de Cafée genannt ginn ass, bereet sech de Secteur lues a lues op eng Reprise vir. Aus deem Grond huet d'HORESCA eng Strategie entwéckelt, mat där d'Mataarbechter an d'Cliente kënne geschützt ginn, ouni dass dobäi d'Gesellegkeet op der Streck bleift.

Eng Campagne an e Label mam Numm „SAFE TO SERVE“ soll dobäi eng Rëtsch Aktioune prett halen, déi eng beschtméiglech Reouverture sollen erméiglechen. Fir de Label ze kréie mussen d'Betriber sech schrëftlech verflichten 4 Kritären anzehalen, dorënner déi néideg Hygiènesreegelen.