D'Gewerkschaften an d'Patronat hu keng Léisung fir en eventuellt Changement vum Kollektivcongé fonnt.

Wéi d'Gewerkschaften an d'Fédération des Artisans matdeele gouf keen Accord fonnt fir en eventuellt Changement vum Kollektivcongé am Bausecteur. De Kollektivcongé wäert deemno wéi virgesinn déi éischt 3 Woche vum August sinn. Wéi et vum Patronat heescht, wier grad elo Zäit fir Solidaritéit am Bausecteur gewiescht, well eng grouss Partie vum Ëmsaz duerch de Confinement ewechgefall wier.

Vum LCGB huet et iwwerdeems geheescht, dass een der Meenung wier, dass déi 11 Woche virum Kollektivcongé géifen duergoen, fir déi 3. Woch vum Congé kënnen nozehuelen. D'Patronat hat hei nämlech virgeschloen, dass de Congé nëmmen 2 Wochen am Summer sollt daueren an déi 3. Woch an de Wanter ze verleeën.

Effektiv hätt een och eng gewësse Bereetschaft bei den Aarbechter festgestallt, méi wéi soss ze schaffe fir d'Retarden erëm eranzehuelen, esou d'Gewerkschaft. Weider wier jo och soss net bei engem Baustopp wéinst schlechtem Weider, dat sech iwwer Woche gehalen huet de Kollektivcongé reduzéiert ginn.