Och fir déi ganz kleng ënnert eis geet et gläich erëm an D'Schoul. E Video erkläert hinnen op eng spilleresch Aart a Weis, ob wat si do mussen oppassen.

Grad fir déi ganz Jonk ënnert eis ass d'Situatioun jo nëmme schwéier ze verstoen. E Video vum Educatiounsministère erkläert dofir, op wat et vum 25. Mee un an der Spillschoul wichteg ass opzepassen a wéi d'Schoul do wäert organiséiert sinn. Dora geet et nieft der Hygiène och ëm den Ofstand an der Schoul, d'Spillen an d'Wuelbefannen.