D'Resultater vun der POST sinn op all Niveau positiv, dat ass de Resumé vum Bilan 2019, deen den Donneschdeg virgestallt gouf.

D'POST huet d'lescht Joer bal 38 Milliounen Euro Benefice gemaach, dat geet aus dem Bilan ervir, deen de Grupp den Donneschdeg virgestallt huet. Deemno konnt d'POST hiren Ëmsaz ëm 35 Milliounen Euro op am Ganzen 861,9 Millioune steigeren.

D'Resultater wieren op allen Niveaue ganz positiv, virun allem wat d'Beräicher Post&Logistik, respektiv Telekommunikatioun&ICT ugeet, esou de Generaldirekter Claude Strasser.

Iwwerdeems ass 2019 de Volume u Päck déi zu Lëtzebuerg um Findel a ganz Europa transportéiert goufen op iwwer 13 Millioune geklommen.