D'gesamt-europäesch Lag vun LGBTIQ-Persoune befënnt sech an der Stagnatioun.

Dat ass ee Fazit, dat Rosa Lëtzebuerg dësen Donneschdeg an hirem Communiqué zum Rainbox Index 2020 zéien. Datt et am leschte Joer an 49% vun den ënnersichte Länner keng positiv Verännerung gouf, géif ënnert anerem um gesellschaftleche Widderstand an der politescher Responsabilitéit leien.

Lëtzebuerg kënnt fir eng 2. Kéier hannerteneen op Plaz 3, ma de President vu Rosa Lëtzebuerg no wier nach vill ze maachen, esou zum Beispill eng Verfassungsännerung oder e Verbuet vu Konversiounstherapien hei am Land. Weider heescht et, datt eng Minoritéit nach ëmmer op d'Unerkennung vun hirer Rechter op Verfassungsniveau misst waarden.

D'Rechter fir Trans-Persoune goufen dann a ville Länner verbessert. Island a Spuenien zum Beispill hunn nei Gesetzer fir d'rechtlech Unerkennung vun de Geschlechter guttgeheescht.