D'Regierung hat de 4. Mee annoncéiert, datt no de 5 Maske pro Kapp elo zousätzlech 50 chirurgesch Maske pro Awunner iwwer 16 Joer ausgedeelt ginn.

Zënter leschtem Weekend war de CGDIS am gaangen déi zweet Distributioun vu chirurgesche Masken un d'Lëtzebuerger Bevëlkerung ze organiséieren. Fir eng besser Organisatioun ass d'Land a 4 Zonen agedeelt ginn, fir déi 27 Millioune Masken un déi 102 Gemengen auszeliwweren.

Donieft gouf wéi bei der éischter Distributioun eng speziell Hotline fir d'Gemengen ageriicht. Esou wëll een dëse weider zur Verfügung stoen. Un der Distributioun waren eng 40 Fräiwëlleger wéi och Beruffspompjeeë bedeelegt.