Zu Esch koum et en Dënschdeg zu engem Tëschefall. D'Police huet Ermëttlungen an d'Weeër geleet.

D'Police huet dësen Donneschdeg gemellt, datt et leschten Dënschdegowend an der Rue de Mondercange zu Esch zu engem Tëschefall koum. Eng Persoun gouf hei liewensgeféierlech blesséiert. Éischten Erkenntnesser no soll d'Affer versicht hunn, an en Auto vun engem Kolleeg ze klammen, deen awer am gaange war ze fueren. D'Ermëttlunge lafen.