Zu Stengefort hat ee Mann e Méindeg seng Ex-Fra mat engem Messer attackéiert. An deem Zesummenhang sichen d’Enquêteuren elo no engem bestëmmten Zeien.

D'Fra wier ugegraff a blesséiert ginn an den Täter hätt sech no der Dot zu Fouss duerch d'Bascht gemaach. Op der Plaz sinn d'Polizisten op dat blesséiert Affer getraff, bei deem och puer Passante waren. D'Rettungsequippen an den Dokter waren och scho geruff ginn.

No Zeienaussoe konnt de presuméierten Ugräifer an der Rue des Martyrs ermëttelt ginn. Et huet sech erausgestallt, datt et sech ëm den Ex-Partner vun der Fra handelt. Zeien no soll sech de Virfall folgendermoossen zougedroen hunn: Nodeems de Mann senger Ex-Fra zu Fouss nogaange war, huet dëse si op eemol ugegraff.

Hien huet d'Fra op de Buedem geheit an huet si duerno schwéier mam Messer blesséiert. D'Messer gouf beim Mann doheem fonnt. D'Affer koum mam Helikopter an d'Spidol an der Stad. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an no enger medezinescher Behandlung op Schraasseg bruecht. Hie koum en Dënschdegmuere virun den Untersuchungsriichter.

An deem Zesummenhang sichen d’Enquêteuren elo no engem bestëmmten Zeien, deen de Moment vun der Dot  mat sengem Gefier op Héicht vum Tatort stoe blouf an dem Affer gehollef huet.  Dëse Mann grad wéi wieder Aenzeien sollen sech bei der Police mellen um 244 60-21 21.