En Dënschdeg géint 14 Auer 50 koum et tëscht dem Briddel a Stroossen zu engem Accident tëscht e puer Gefierer.

En Auto, dee vum Briddel aus ënnerwee war, hat iwwerholl, ass awer net méi mat Zäit op seng Spuer zeréck komm. De Chauffer krut den Auto aus entgéintgesater Richtung ze paken. Den éischte Chauffer koum schwéierblesséiert an d'Spidol, deen anere liicht.

E weideren Autosfuerer, deen och vum Briddel aus koum, konnt dem Accident net méi auswäichen an ass engem anere Won hannendrop gefuer. Och e Camion war an d'Accident implizéiert. Béid Chauffere goufen net blesséiert. D'Fuerbunn war fir eng gutt Zäit komplett blockéiert an huet wärend de Rettungs- an Opraumaarbechte gespaart ginn.