An der Chamber ass et en Dënschdeg ënnert anerem ëm d'Reform bei der Police vun 2018 gaangen.

An deem Kader huet den zoustännege Minister sech fir eng weider Valorisatioun vum Beruff ausgeschwat. De François Bausch huet och erkläert, datt een den Effektiv u Beamte weider opstocke wéilt an d'Agente vu verschidden Tâchen entlaaschte wéilt. Et sinn dann och zwou Motiounen ugeholl ginn, eng vum CSV-Deputéierte Léon Gloden:

De Léon Gloden

Deemno wëll een EU-Auslänner et méiglech maachen, bei der Police ze schaffen. D'Konditioun wier, datt een déi 3 Sprooche vum Land beherrscht. Donieft géif een als Agent bei der Police vun enger Verkierzung vun der Waardezäit vun aktuell 5 Joer fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien, profitéieren.

Eng weider Motioun vum Stéphanie Empain vun déi gréng fuerdert ënnert anerem, datt déi medial Campagne fir de Rekrutement relancéiert gëtt. Esou wëll ee géint de Manktem u Leit bei der Police virgoen an d'Attraktivitéit vum Beruff ervir hiewen. Allgemeng hu sech d'Deputéiert zefridde gewisen, och wa verschidde Verbesserungsvirschléi opkomm sinn.