De Premier huet de Mëttwoch eng Rëtsch nei Mesurë fir d'Wirtschaft ugeschwat. Weider ass et ëm déi allgemeng Situatioun zu Lëtzebuerg gaangen.

De Premier Xavier Bettel huet virop kloer gestallt, dass et ze fréi ass fir no den éischte Phase vum Deconfinement scho Conclusiounen ze zéien. Et wéilt ee bis de Méindeg waarden, fir dann nach emol d'Situatioun ze analyséieren an da kéint een hoffentlech weider positiv Schrëtt ukënnegen.

3 Prioritéite fir d'Relance
Et ass een sech der Situatioun vun de Leit bewosst, esou de Premier. Verschidde Leit géifen sech existenziell Froe stellen. Dofir hätt een de Mëttwoch de Mueren eng Rëtsch Mesuren decidéiert, méi genee e Plang fir eng Relance. Do komme Mesuren an Héicht vu 700 bis 800 Milliounen Euro dobäi. Dëst fir op der enger Säit Aarbechtsplazen ze erhalen an de Retour op d'Aarbechtsplazen ze erméiglechen.
Weider wëllt een de Betriber an deenen am meeschte betraffene Secteuren Hëllefen. An da soll och an d'Nohalteg Entwécklung vun der Wirtschaft investéiert ginn.

Vum 1. Juni u kënnen also déi Betriber, déi am meeschte betraff sinn, vun engem Chômage partiel structurel profitéieren. Weider ginn et Hëllefe fir déi Betriber, déi bis ewell hu missten zoubleiwen.

Keng Augmentatioun vun de Loyeren dëst Joer
D'Proprietären, déi hire Loyer erofsetzen, kënnen an der Steiererklärung dësen duebelt ofsetzen. Bis den 31. Dezember gëtt et iwwerdeems och keng Hausse vum Loyer fir Privatleit.

Fir den Tourismus zu Lëtzebuerg erëm unzekuerbele wäert all Resident an all Frontalier e Bong kréien. Domat kënnen se dann z.B. zu Lëtzebuerg an engem Hotel iwwernuechten.

Congé pour soutien familiale kritt legal Basis
Well eng Rëtsch Betreiungsstrukturen nach ëmmer zou sinn, wäert de Congé pour soutien familiale eng legal Basis kréien.

Well och villes fir d'Studenten onkloer ass, wäert hei den Delai fir d'Studentebourse verlängert ginn. Dat heescht wann se méi laang musse wéinst der Kris studéieren, da kréien se trotzdeem weider eng Hëllef.

Datum fir weider Phas bleift den 1. Juni
U sech ass jo den Datum fir déi nächste Phas vum Deconfinement den 1. Juni. De Premier sot awer, dass wann sech d'Zuele weider esou gutt entwéckelen dësen Datum och no vir ka verréckelt ginn. Ma grad esou gutt kéint e jee no der Entwécklung och no hanne verréckelt ginn.

De Premier huet nach emol den Opruff gemaach, dass déi physesch Distanz weider soll agehale ginn.

Nach keng Decisiounen zur Grenz mat der Belsch
E konkreten Datum op deem d'Grenzkontrolle mat der Grenz zu Lëtzebuerg sollen ewechfale krut een nach net vun de belschen Autoritéiten, esou de Premier. Et wier een awer a permanentem Kontakt mat den Autoritéiten. Et géif een och am Viraus informéiert ginn, sollt sech eppes änneren. A Frankräich bleift et de Moment beim 15. Juni, et wier een awer och hei a Kontakt.

Mesuren hu gegraff
Et hätt een am Ufank net gewosst, wat op een duerkënnt an ob d'Mesuren déi richteg sinn, esou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Haut wéisst een, dass se gegraff hätten an d'Ministesch hofft, dass een dat Schlëmmsten hannert sech hätt. Bis ewell wier een nach an engem acceptabele Kader bliwwen. Ma et wier nach laang net fäerdeg.

Elo géif et net méi drëms goen, fir d'Zuelen esou séier wéi méiglech erofzekréien. Et misst een elo probéiere fir de Virus weider kleng ze halen an eng ze séier Ausbreedung ze evitéieren an zäitgläich e bëssen Normalitéit zeréckzegewannen. Et géif een och weider probéieren dat beschten ze maachen, och wann een net an d'Zukunft kéint kucken. Et wëllt een sech dofir ëmmer un d'Wëssenschaft halen an déi neisten Erkenntnisser mat an d'Mesuren afléisse loossen.

Et ass e kollektive Problem“
Angscht wier net ubruecht, am Eenzelfall wier de Virus fir de Gros vun de Leit keng Gefor, esou d'Ministesch. Ma et wier e Virus, deen eréischt am kollektiven zum Problem gëtt. Dofir ass déi physesch Distanz nach ëmmer wichteg fir eng zweete Well ze evitéieren. D'Ministesch huet dozou opgeruff duerchzehalen a sech géigesäiteg ze ënnerstëtzen, och wann et fir vill Leit ëmmer méi schwéier gëtt. Et géif een sech Méi ginn, fir esou séier wéi méiglech Mesuren opzehiewen, wann dat méiglech wier.

Et spillt een de Moment fir déi eenzel Secteuren duerch, wéi déi weider Phas vum Deconfinement kéint ausgesinn. Dëst kéint een dann de Méindeg ukënnegen. Weider ginn an d'Decisiounen och déi groussflächeg Tester mat afléisse gelooss.

Confortabel Situatioun beim medezinesche Material
Wat d'Material ugeet, do wier ee vill besser opgestallt, wéi um Ufank vun der Pandemie. Dat wier wichteg fir eng eventuell zweet Well. Weider misst een elo kucken, wéi déi sanitär Reserv ka weider funktionéieren, well jo vill Leit, déi sech do fräiwëlleg gemellt hunn, erëm zeréck an hir Beruffer ginn.

Zoulaf an de Centre de soins ass däitlech erofgaangen
Vum 29. Mee u ginn d'Centre de soins zu Ettelbréck an zu Gréiwemaacher zougemaach. De 15. Juni gëtt da viraussiichtlech deen zu Esch zougemaach. Duerno ass et dann och un deem an der Luxexpo. Dëse bleift awer prett fir eng eventuell 2. Phas.

D'Gesondheetsministesch huet nach emol betount, dass d'Leit net solle fäerte fir bei den Dokter ze goen, wann dat néideg ass. Anescht géif ee riskéieren, dass sech méi spéit ganz aner gesondheetlech Problemer géife stellen.

Vum 25. Mee u sinn d'Maisons médicales erëm op, dat tëscht 20.00 a 7.00 Auer an der Woch. D'Patiente sollen e Rendezvous iwwer e speziellen Telefonssystem maachen.