Nieft der Policereform ass et en Dënschdeg an der Chamber och ëm urgent parlamentaresch Froe gaangen. Et gouf Kritik vun der Oppositioun.

Der CSV-Fraktioun no géifen dës dacks refuséiert ginn, esou zum Beispill déi vun den Deputéierte Mosar a Roth wéinst dem Date-Leak bei der Justiz en Dënschdeg. Et wier een och de Bierger Äntwerte schëlleg, un déi ee probéiert op dësem Wee ze kommen.

Et wier weder un der Chamber nach um Chamberspresident ze decidéieren, ob een als Partei d'Regierung mat de Froe géif "belästegen". Et géif ee sech net eescht geholl fillen, Kritik gouf et vum CSV-Vicefraktiounspresident Gilles Roth besonnesch um Chamberspresident Fernand Etgen:

"Mir sinn hei net an engem Bimbotheater. Mer sinn hei an der Vertriedung vun enger demokratescher Institutioun, nämlech der Chamber." Et wier d'Recht vun all Deputéierten, parlamentaresch Froen un d'Regierung ze riichten.

Och d'CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen huet erkläert, datt d'CSV 17 Drénglechkeetsfroe wärend der Kris gestallt goufen, eng eenzeg wier zeréckbehale ginn. Et hätt een d'Gefill, dass keng objektiv Analys vun dëse Froe gemaach géif ginn.

De Fernand Etgen huet erkläert, datt a verschidde Fäll d'Froen ze laang, fir dat eng "Urgence" unerkannt kéint ginn. Et sollt een dat Urgent op d'Haaptfro beschränken. D'urgent Fro vun der CSV-Fraktioun iwwert den Date-Leak steet mëttlerweil um Programm vun der ëffentlecher Sëtzung dëse Mëttwoch.