Wéi de Statec dëse Mëttwoch matdeelt, geet d'Zuel vun de Chômeuren bannent engem Joer staark an d'Luucht

Enn Abrëll waren 20.253 Leit hei am Land op der Sich no enger Aarbecht. Dat deelt de Statec haut mat.

D’Zuel vun de Chômeuren hei zu Lëtzebuerg geet an engem Joer em 4.800 Leit an d’Luucht. Dat entsprécht engem Plus vun 31%. Dës Hausse wier doduerch ze erklären, datt duerch d’Corona-Kris manner Leitagestallt goufen, net awer, well méi Leit sech bei der Adem ageschriwwen hätten.

De Chômagetaux läit de Moment bei 6,9%. No Altersgruppe gekuckt ass vrun allem de Jugendchômage explodéiert- mat engem Plus vun 41% an der Kategorie ënner 30 Joer.