Wéi d'Police mellt, hunn Onbekannter zu Bartreng muttwëlleg Beiekëschten zerstéiert.

Tëscht dem 14. an 17. Mee hunn Onbekannter an engem Feldwee bei der rue du Champs zu Bartreng Beiekëschten mat Absicht zerstéiert. Wéi et heescht, hunn d’Persounen souwuel Zillesteng wéi och ee Bamstamm op d‘Këschte geworf.

D’Police huet dowéinst een Zeienopruff gemaach. All Informatioune si fir de Policebüro Porte de l’Ouest um 244 35 1000.