Tëscht Aassel op Trënteng krute sech 2 Gefierer ze paken. D'Bäifuererin huet misse vun de Rettungsequippe gebuerge ginn.

Op der Streck vun Aassel op Trënteng wollt de Chauffeur vu enger Camionnette  um Dënschdeg Owend an engem Feldwee d’Kéier maachen.  Wéi hien zréck op der Haaptstrooss war, ass hien mat engem Auto kollidéiert. D’Camionnette gouf duerch de Choc zréck op de Feldwee geschleidert. Den Auto ass circa 30 Meter méi wäit an engem Feld um Dag leie bliwwen.

Béid Chauffeure konnte sech aus hire Gefierer befreien. D’Bäifuererin aus dem Auto huet misse vun de Rettungsequippe gebuerge ginn. Wéi schwéier d’Passagéier blesséiert sinn gouf nach net matgedeelt.