Besonnesch schwéier betraffene Betriber gëtt weider ënnert d'Äerm gegraff an d'Wirtschaft soll erëm ugekuerbelt ginn.

De Mëttwoch den Owend sinn d'Vizepremieren Dan Kersch a François Bausch an de Finanzminister Pierre Gramegna méi genee op d'Hëllefe fir d'Betriber an d'Wirtschaft agaangen.

Lëtzebuerg steet besser do wéi aner Länner
Lëtzebuerg steet aus 2 Grënn besser do wéi aner Länner, esou de Finanzminister Pierre Gramegna. Dat well d'Staatskeese scho virun der Kris gutt gefëllt waren a well de Finanzsecteur eng immens wichteg Roll zu Lëtzebuerg spillt. Do kéint vill aus dem Homeoffice geschafft ginn an de Secteur wier net esou staark vun der Kris betraff.

De Finanzminister huet nach emol confirméiert, dass d'Relance-Hëllefe fir d'Wirtschaft nach emol tëscht 700 an 800 Millioune kaschten. Dat zousätzlech zu deenen Hëllefen, déi schonn ugekënnegt gi waren.

De Moment fiert een zweespureg, dat heescht et wëllt een d'Liquiditéit vun den Entreprisen erhalen an d'Investitioune weiderféieren. Dofir war et den Opruff un d'Entreprisen, dat Spill och matzespillen an un d'Cliente fir hir Rechnungen ze bezuelen.

Grënnung vun engem Fong fir d'Relance vun Entreprisen
Et gëtt e Solidaritéitsfong fir déi Entreprise gegrënnt, déi am stäerkste vun der Kris betraff sinn an eng Perte vu Chiffre d'Affaires vun op d'mannst 25% verzeechent hunn. Do huet een dann 1'250 Euro fir all Employée, dee schafft zegutt. Fir déi, déi am Chômage partiell sinn, ginn et 250 Euro pro Mataarbechter. Konditioun ass, dass d'Entreprisen sech entscheet hunn erëm opzemaachen. D'Hëllef ass awer jee no der Unzuel vu Mataarbechter gedeckelt.

© Screenshot Aarbechts-, Finanz- a Mobilitéitsministère

Butteker, déi den 11. Mee erëm opgemaach hu kënne weider vun enger Hëllef fir d'Relance profitéieren. Dës kréie jee no der Gréiss vum Betrib fir de Juni pro Mataarbechter 1'000, fir de Juli 750 a fir den August 500 Euro.

Bong vu 50 Euro fir all Persoun iwwer 16 Joer
All Awunner an all Frontalier, deen zu Lëtzebuerg schafft soll e Bong vu 50 Euro kréien, deen een an Hotellen a soss Iwwernuechtungsstrukture kann aléisen. Domat soll den Tourismus zu Lëtzebuerg ënnerstëtzt ginn.

Bis den 31. Dezember wäert iwwerdeems de Chômage partiell weidergefouert ginn, esou den Aarbechtsminister Dan Kersch. Et wéilt ee virun allem fir déi kleng Betriber de System fir d'Demande nach méi einfach maachen.

Ëffentlech Investissementer wäerten an d'Luucht goen
De Vizepremier François Bausch huet ugekënnegt, dass d'Investissementer an Zukunft massiv wäerten erop goen. De Staat géif bei der Relance vun der Wirtschaft eng enorm wichteg Roll spillen. Dobäi soll d'Nohaltegkeet eng wichteg Roll spillen. Esou ass de Minister sech sécher, dass och am Gesondheetssecteur méi wäert investéiert ginn.