An der Chamber gouf de Mëttwoch de Gesetzprojet zum Stagegesetz ugeholl mat deem d'Stagë fir Schüler a Studenten encadréiert ginn.

De Projet ënnerscheet tëscht zwee Type vu Stagen, de „stage conventionné“ an de „stage pratique“, also de fräiwëllege Stage. Bei deem éischten handelt et sech ëm e Stage, deen z.B. vun enger Schoul virgeschriwwen ass an 9 Méint dauere kann, wann d'Schoul net méi eng laang Dauer virgesäit. Bei enger Dauer vu manner wéi 4 Woche muss deen och net bezuelt ginn. Vun der 4. Woch u kritt de Stagiaire 30% vum sozialen onqualifizéierte Mindestloun.

Ähnlech ass et bei fräiwëllege Stage, dee ka bannent 24 Méint bis zu 6 Méint beim selwechten Employeur daueren. Tëscht der 4. an der 12. Woch ginn et do 40% vum onqualifizéierte Mindestloun a vun do u 75%. Fir déi, déi e Bachelor-Ofschloss hu gëllt de qualifizéierte Mindestloun.

Dës Reegel gëllen iwwerdeems net fir déi, deenen hire Stage am Kader vun enger professioneller Formatioun geschitt, z.B. bei Educateuren, Affekoten, Gesondheetsberuffer oder Schoulmeeschteren.