D'Gefier hat kuerz viru Mëtteg de Mëttwoch Feier gefaangen an ass du komplett ausgebrannt. Et koum keen zu Schued.

Wéi et vum CGDIS heescht stoung de Mëttwoch kuerz virun 12.00 Auer zu Bieles e Camion a Brand. D'Pomjeeë konnten de Brand zwar läsche ma wéi op der Foto ze gesinn ass, ass de ganze viischten Deel vum Gefier ausgebrannt.

Beim Tëschefall gouf kee blesséiert.