Den Dënschdeg den Owend gouf et en Accident tëscht engem Cyclist a 4 Kanner mat Trotinetten op engem Feldwee tëscht Kietscht an Uerschdref.

Den Dënschdeg den Owend géint 19.30 Auer waren op engem Feldwee an der Rue de la Mairie tëscht Kietscht an Uerschdref 4 Kanner mat hiren Trotinetten ënnerwee, wéi hinnen e Cyclist entgéint komm ass. Deen an d'Kanner sinn sech aus dem Wee gaangen, ma d'Kanner hu missten an de Gruef fueren a sinn du gefall.

De Cyclist soll d'Kanner nach vernannt an sech dunn ouni ze hëllefen duerch d'Bascht gemaach hunn. An deem Sënn biet d'Police de Mann, respektiv Zeien, sech beim Policebüro Atert ënnert dem Tel.: 244921000 oder ënner police.atert@police.etat.lu ze mellen.

De Mann huet Lëtzebuergesch an Däitsch geschwat. Hie war tëscht 50 a 60 Joer al, hat e Brëll an eng kuerz Box un.