Wéi d‘Fluchgesellschaft Luxair e Donneschdeg matgedeelt huet sinn déi éischt "Vakanz"-Flich vu LuxairTours fir den 31. Mee virgesinn.

Nodeems déi normal Luxair Flich vum 29. Mee un nees op Stockholm, Lissabon, Porto, Hamburg an op Münche fléie kënnen, gouf en Donneschden annoncéiert dass LuxairTours "Vakanz"-Volle vum 31. Mee un nees méiglech wäerte sinn. Déi Destinatioun déi am Moment matgedeelt gouf ass Faro a Portugal. D’Departe wäerten den 31. Mee a 7. Juni sinn.

D’Luxair informéiert iwwerdeems dass d’Hoteller de sanitäre Critèrë vu LuxairTours entspriechen.