Wéi et vun der Police heescht, huet en Automobilist zu Mäertert Passante menacéiert. Säin accidentéierten Auto gouf méi spéit zu Tréier erëmfonnt.

An der Nuecht op en Donneschdeg huet en Automobilist an der Wasserbëllegerstrooss zu Mäertert Leit menacéiert an ass duerno geflücht. Well den Auto eng däitsch Plack hat gouf d’Police vun Tréier informéiert. Dës hunn dee selwechten Auto méi spéit an engem accidentéierten Zoustand zu Tréier erëmfonnt. Den Automobilist gouf positiv op Alkohol an Droge getest. Juristesch Suitte sinn an d‘Weër geleet ginn.

Dann huet d’Police kuerz no Mëtternuecht op der N7 en Automobilist gesinn deen opfälleg gefuer war. Dëse gouf getest a war alkoholiséiert. De Permis gouf agezunn an eng Plainte gouf erstallt.

E Mëttwoch den Owend géint 20h00 koum et zu enger Kläpperei op der Plëss an der Stad. D’Police huet déi alkoholiséiert Persoune getrennt, eng dovunner huet missen an eng Ausniichterungszell placéiert ginn.