Wéi de CGDIS matgedeelt sinn en Donneschdeg de Moien zwee Accidenter geschitt an deene Vëlosfuerer verwéckelt waren. 3 Persoune goufen am ganze verwonnt.

Géint 9h00 koum et zu Gousseldeng an der Mierscherstrooss zu enger Kollisioun tëscht engem Vëlosfuerer an engem Auto. Eng Persoun gouf dobäi liicht blesséiert.

Da ware kuerz no 10 Auer zu Rammeldang am Beiebierg zwee Vëlosfuerer an engem Accident verwéckelt. Déi zwee goufen och liicht blesséiert.