Ewéi de CGDIS matgedeelt huet, hunn sech en Donneschdeg bei enger Partie Chutten uechtert Land eng Rei Motocycliste blesséiert.

En Donneschdeg goufen et bei guddem Wieder 4 Chutte vu Motocyclisten:

  • Um 11h12 ass e Motosfuerer um CR128 tëscht Chrëschtnech an Hiefenech gefall.
  • Kuerz dorop um 11h18 koum et um CR129 tëscht Beidler an Hemstel zu enger weiderer Chutte.
  • Um 11h53 ass dunn op der RN02 tëscht Hamm a Sandweiler e weidere Motosfuerer gefall.
  • Um 15h19 koum et zu Rouderssen op der Haaptstrooss zu enger weiderer Chutte.

An deene 4 Fäll goufen d'Motocyclisten nëmme liicht blesséiert.