De neie System soll d'Notzer warnen iert si op e Message äntwere bei dem net kloer ass vu wiem e geschéckt gouf.

Facebook wäert an Zukunft mat enger kënschtlecher Intelligenz géint Onéierlecher déi iwwer d'Messenger-App Leit hannergoe wëllen, virgoen. Déi kënstlech Intelligenz soll d'Virgäng déi beim Schécke vun engem Message am Hannergrond oflafen analyséieren an d'Notzer warnen, wann et hei zu Opfällegkeete kënnt. Esou zum Beispill, wann eng héich Zuel vu Leit mam selwechte Message ugeschriwwe ginn.

Leit déi en iPhone oder e Smartphone mat engem Betribssystem vun Android hunn, wäerten an Zukunft e Message mat enger Warnung kréien iert si op e Message äntwere bei dem net kloer ass, vu wiem e geschriwwe gouf. Dat huet e Responsabele fir Sécherheet a Privatsphär bei Facebook matgedeelt. Weider heescht et, dass de neie System d'Privatsphär vun de Notzer net beanträchtege géing.