Der WHO no goufe bannent 24 Stonnen ronn 106.000 Neiinfektioune gemellt.

An der Corona-Pandemie ass weltwäit nach keng Andämmung a Siicht. Der Weltgesondheetsorganisatioun no goufe bannent 24 Stonnen 106.000 Nei-Infektioune registréiert, esou vill wéi nach ni bannent engem Dag. Dem WHO-Chef Tedros no wier ee besuergt iwwert d’Entwécklung a méi aarme Länner. Aktuell klëmmt virun allem a südamerikanesche Länner d’Zuel vun den Neiinfektiounen.