De Wirtschaftsminister Franz Fayot an de Mëttelstandsminister Lex Delles hunn dëse Freideg Detailer zum Mesurëpak "Neistart Lëtzebuerg" ginn.

Nodeems e Mëttwoch de Mesurëpak "Neistart Lëtzebuerg" annoncéiert ginn ass, sinn d'Ministeren Delles a Fayot dëse Freideg an den Detail gaangen. Et ginn nei Bäihëllefen agefouert fir Betriber wärend an no der Kris ze hëllefen. De Wirtschaftsminister Franz Fayot erkläert, datt d'Instrument vun der Kuerzaarbecht weider wichteg bleift a wier frou, dass een deen Outil bäibehält. Zil ass et, Aarbechtsplazen ze behalen an ze evitéieren, datt esou wéineg Leit wéi méiglech entlooss ginn.

3 Volete vun neien Hëllefe fir Betriber

Et wëll een eng Perspektiv fir d'Zukunft schafen an esou sinn nei Moossname fir de Strukturwandel decidéiert ginn. Déi nei Hëllefe si virun allem op d'Nohaltegkeet, d'Digitalisatioun an d'Kreeslaf-Wirtschaft ausgeriicht. Hei gräifen 3 verschidde Volete vun Hëllefen, ee Krittär ass deen, datt d'Betriber selwer investéiere mussen. Esou musse kleng Betriber op d'mannst 20.000 selwer bezuelen, bei mëttel Betriber sinn et 50.000 a bei grousse sinn et 250.000 Euro.

Hëllefe mussen net zeréckbezuelt ginn

20-30% gi vum Staat finanzéiert. Et handelt sech ëm Bäihëllefe fir Innovatioun a Prozesser an der Organisatioun vu Betriber. Hei si 50% fir kleng bis grouss Betriber virgesinn. Et geet konkret ëm d'Digitaliséierung, wann de Betrib zum Beispill eng nei Software entwéckelt. Da gëtt et eng Ënnerstëtzung fir Investissementer a méi ëmweltfrëndlecht Schaffen, zum Beispill wann e Betrib seng CO2-Emissiounen erofsetzt.

Fonds de relance et solidarité gouf gegrënnt

Hei ass eng Enveloppe vun 30 Milliounen Euro virgesinn. Et gëtt och Betriber gehollef, déi an nei Equipementer investéieren Vum Mëttelstandsminister Lex Delles huet et geheescht, datt bis ewell ronn 100 Milliounen Euro un Hëllefen ausbezuelt goufen. Dat wier 7 Mol esou vill bannent nëmmen 2 Méint ewéi soss bannent engem Joer. Et huet een en Fonds de relance et de solidarité gegrënnt, hei sinn Hëllefe an Héicht vun 200 Milliounen Euro virgesinn.

Verloscht vun Aarbechtsplaze limitéieren

Pro Mount kann eng Entreprise mat maximal 10 Mataarbechter bis zu 10.000€ kréien, 50.000€ ginn et fir Betriber mat bis zu 50 Salariéeën. Fir méi gréisser Firme si Bäihëllefe vun 100.000€ pro Mount virgesinn. Och am Eenzelhandel ginn et nei Hëllefen, esou fir Commercë bis zu 250 Mataarbechter. Hei sinn Hëllefe pro Mataarbechter virgesinn. Aarbechtsplaze sollen erhalen an Entloossungen evitéiert ginn. Et wier donieft wichteg, d'Vertraue vun de Clienten nees opzebauen.

Reouverture vu Gastronomie kéint e Méindeg annoncéiert ginn

D'Leit solle sech sécher fillen an net fäerten, an d'Butteker ze goen. A Punkto Reouverture vun der Gastronomie konnt een haut nach net konkret ginn. De Premier Wëll e Méindeg jo weider Moossname presentéieren, vläicht och d'Annonce wéini Restauranten a Caféen nees duerfen opmaachen. De Lex Delles huet awer erkläert, datt een alles gemaach hätt, fir eng séier Reouverture ze erméiglechen. D'Situatioun zu Lëtzebuerg wier awer speziell an anescht wéi am Ausland.