Zu Koplescht war en Donneschdeg e Chauffer ënnert erhéichtem Alkoholafloss ënnerwee.

Géint 18 Auer 45 en Donneschdeg ass enger Policepatrull an der Rue de Mersch zu Koplescht e Chauffer duerch säi Fuerstil opgefall. Bei enger Kontroll huet sech erausgestallt, datt hien ze vill gedronk hat. Donieft war e 7-järegt Kand, dat hanne souz, weder ugestréckt, nach souz et an engem Kannersëtz. Den Auto war dann och net ugemellt. De Chauffer gouf protokolléiert an et ass eng Plainte gemaach ginn. De Führerschäi gouf net agezunn.