D'Police huet dëse Freideg en Zeienopruff lancéiert. Wien dës Persoun kennt, soll sech per Telefon oder Email mellen.

Am Kader vun zwee Déifställ de 14. Januar 2020 an zwou Filiale vun engem Elektrobuttek sicht d'Police no enger Persoun an huet eng Foto verëffentlecht. All Indice, deen hëlleft, de presuméierten Täter ze fannen, ass fir de Policebüro Porte de l'Ouest. D'Telefonsnummer hei ass den +352 24435 1000 oder per Email (police.portedelouest@police.etat.lu).

© Police