E Freideg goufen et Detailer iwwert d'Teststrategie am Deconfinement. D'Populatioun ass a verschidde Kategorien agedeelt ginn, lass geet et de 25. Mee.

Lauschtert eran!

Bis zu 20.000 pro Dag – dat ass dat éiergäizegt Zil, dat an deen am Kader vun der Large-Scale-Testing-Strategie u viséiert. Etappeweis soll déi ganz Lëtzebuerger Populatioun op de Covid-19 getest ginn, fir sécher duerch den Deconfinement ze kommen. Vun Ufank un ass vill getest ginn, dat wëll een eben elo nach méi verstäerken. Geplangt si verschidde Statiounen am Land opzeriichten. Dat geet vun Drive-Through-, Bike-Through a Walk-Through-Statiounen, déi no an no installéiert ginn. Déi maximal Kapazitéit soll am Juni erreecht ginn.

Bis ewell iwwer 64.000 PCR-Tester gemaach

D'Large-Scale-Testing-Strategie gëtt op fräiwëlleger Basis duerchgefouert. Et war trotzdeem den Opruff, wéi wichteg et wier, matzemaachen a sech testen ze loossen. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert ass ufanks op déi Tester agaangen, déi bis ewell gemaach goufen. Dat sinn iwwer 64.000 PCR-Tester. Ufanks hat een dës reaktiv bei symptomatesche Patiente gemaach an dann ëmmer méi a Secteure mat engem erhéije Risk, wéi Altersheemer. D'Paulette Lenert huet erkläert, datt een elo op eng preventiv Strategie iwwer gaangen ass. Hei geet vu "Cluster-Prevalenz-Tester" riets.

No an no ginn d'Leit getest

Et hat een esou de Risk a verschidde Beräicher besser ageschat kritt. Dat géif et erlaben, weider Moossnamen ze lackeren. Den nächste Schratt wier dann elo de Large Scale Testing, deen de 26. Mee ufänkt. Duerchgefouert ginn d'Tester op verschidde Statiounen, déi no an no ageriicht ginn. Et huet ee verschidde Kategorien ausgeschafft, wien also fir d'éischt a wéini getest gëtt. Hei sinn et déi Leit, déi am Bezuch op hire Beruff engem erhéichte Risiko ausgesat sinn an esou an enkem Kontakt mat anere Leit schaffen, esou de Fuerschungsminister Claude Meisch.

© SIP / Emmanuel Claude, tous droits réservés

Infektiounsketten detektéieren an duerchbriechen

Déi zweet Kategorie sinn déi Leit, déi rezent nees op hir Aarbechtsplaz zeréckgaange sinn oder elo nees ufänken. An engem drëtte Schratt gëtt déi ganz Populatioun mat Hëllef vu Stéchprouwe getest. Et goufen hei verschidden Datumer, respektiv Zäitperiode festgehalen. Et wëll een duerch dës breet ugeluechte Strategie Infektiounsketten duerchbriechen an den Infektiounstaux niddreg halen. Duerch vill a fréit Teste kënnen infizéiert Leit mat Zäiten isoléiert ginn, grad déi, déi dacks net wëssen, datt si de Virus hunn, esou Paul Wilmes vun der Covid-19-Task-Force.

© SIP / Emmanuel Claude, tous droits réservés

Tester si wichteg fir sécheren Exit aus Lockdown

Déi éischt kréien deemno nächst Woch eng Invitatioun per Post. Duerno muss ee sech dann online umellen. Wéi de Minister Claude Meisch betount huet, handelt et sech ëm eng Invitatioun a keng Convocatioun, ma et wier wichteg, säin Deel bäizedroen. Mat dëser Strategie wëll een e sécheren Deconfinement erméiglechen. D'Pandemie ass nach net eriwwer, mat esou Tester kéint een awer méi Normalitéit a Fräiheet zeréckkréien a fir d'Zukunft wichteg Informatioune sammelen. Wéi schonn e puer Mol ennerstrach gouf, musse mir léiere mam Virus ze liewen.