E Freideg hate wuel e puer Chaufferen aus Lëtzebuerg net schlecht gestaunt: Si goufen nees kontrolléiert. Hei sollt et sech awer ëm e Feeler handelen.

Am Dräilännereck zu Pärel sinn e Freidegmoie Chaufferen aus Lëtzebuerg kontrolléiert ginn an duerften net an Däitschland eran. Well awer vill Chauffere sech beschwéiert a gesot hätten, datt d'Grenzen zënter dem 16. Mee nees op sinn, war de Feeler séier bemierkt ginn.

Wéi verschidde Medie mellen haten d'Beamten d'lëtzebuergesch mat der franséischer Grenz verwiesselt. D'Polizisten hätten op der falscher Plaz am Rondpoint zu Pärel gestanen. Nodeems de Feeler opgefall war, hunn d'Beamten d'Plaz gewiesselt.

Esou goufen dann d'Leit aus Frankräich kontrolléiert, déi an Däitschland eriwwer wollte fueren. Hei dierfen ënnert anerem just Beruffspendler iwwert d'Grenz oder wann een duerch Däitschland an en anert d'Land wëll fueren.