Am Süde vum Pakistan ass e Passagéierfliger vun der Pakistan International Airlines erofgefall. Et sollen 107 Mënschen u Bord gewiescht sinn.

Nom Crash vun engem Passagéierfliger am Süde vum Pakistan si bis ewell 97 Läiche gebuerge ginn. Zwou Persoune konnte lieweg gerett ginn. Et geet een dovun aus, dass d’Zuel vun den Doudesaffer nach klëmmt.

D’Maschinn war virun der Landung zu Karachi an ee Wunngebitt gefall.  De Pilot soll virun technesch Problemer gemellt hunn.

Eréischt virun e puer Deeg hat Pakistan de Fluchbetrib nees opgeholl. Dëse gouf wéi a ville Länner wéinst der Corona-Pandemie agestallt.

© AFP/Rizwan TABASSUM