Zu Mäerzeg krute sech e Vëlo an en Auto ze paken. D'Police sicht no Zeien. 

No engem Accident d‘leschte Freideg zu Mäerzeg tëscht engem Vëlo an engem Auto sicht d’Police no Zeien. Den Automobilist hat de Mann um Vëlo iwwerholl an dobäi krute béid Gefierer sech ze paken. De Cyclist gouf liicht blesséiert.

Fir weider Detailer zum Accident ze kréien, sicht d’Police elo no Zeien. Et soll ee sech bei der Police Turelbaach mellen um Telefon 22 48 500-1000.