D'Police mellt eng Ausernanersetzung zu Bäerdref wéinst haarder Musek an een Tëschefall am Skatepark zu Diddeleng.

Zu Bäerdref huet um Donneschdeg Owend eng Persoun sech beim Noper beschwéiert, well hien am Gaart d‘Musek haart opgedréit hat. Wéi den Noper d‘Musek net méi lues gemaach huet, koum et zu enger Ausernanersetzung. Deen éischte Mann krut dobäi en Trëtt an d'Gesiicht. Hie gouf schwéier  blesséiert an huet missten an d'Spidol bruecht ginn.

An der Géigend vum Skatepark „Schmelz“ zu Diddeleng mellt d’Police vum Donneschdeg Owend ee weideren Tëschefall. Wéi d’Beamten op d’Plaz koumen, hu si eng Persoun liicht blesséiert opfonnt.  De Mann war alkoholiséiert an hat eng Schnëttwonn am Bauchberäich.  Hien sot, e wier vun zwee Onbekannten attackéiert ginn. D’Police konnt di 2 Täter net méi erëm fannen.