Bei enger Zoom-Video-Konferenz mat knapp 20 Leit huet e Mann säin 72 Joer ale Papp warscheinlech viru lafender Kamera erstach.

Engem Mann aus der Géigend vun New York an den USA gëtt virgehäit, säi Papp wärend enger Online Video-Konferenz erstach ze hunn. Dat melle verschidden US-Medien.

Wärend engem Zoom-Uruff mat bal 20 anere Persounen ass dat 72 Joer aalt Affer aus dem Bild gefall, déi aner Persounen hunn hie just nach schwéier ootmen héieren. Doropshin hunn e puer Persoune bei der Police ugeruff.

De presuméierten Täter, den 32 Joer ale Bouf, gouf kuerz drop vun der Police festgehal. Wéinst der Video-Konferenz hunn d'Zeien den Täter gesinn a beschriwwen.

D'Hannergrënn vun der Dot sinn nach onkloer.