China huet e Freideg d'Sécherheetsgesetz fir Hongkong virgestallt. Domat soll all Aktivitéit géint déi chinesesch Regierung zu Hongkong verbuede ginn.

D’EU huet dat chinesescht Sécherheetsgesetz fir Hongkong schaarf kritiséiert. E Freideg huet déi chinesesch Regierung um nationale Vollekskongress hire Sécherheetsplang fir Hongkong virgestallt. Dësem Gesetz no sollen all Aktivitéite vun Hongkonger Bierger géint déi chinesesch Regierung verbuede ginn an et solle chinesesch Polizisten zu Hongkong agesat ginn.

Ënnert anerem d’EU an d’USA hunn dës Gesetz schaarf kritiséiert. Si hu China dozou opgeruff, déi demokratesch Institutiounen a Fräiheeten zu Hongkong ze respektéieren.

D'Gesetz muss nach vum Hongkonger Parlament adoptéiert ginn. Déi pro-chinesesch Regierungscheffin vun Hongkong huet hir Zoustëmmung schonn assuréiert. Pro-demokratesch Biergerrechtlecher an Institutiounen hunn d'Gesetz schaarf kritiséiert. D'lescht Joer war et wéinst dem Gesetz zu groussen Demonstratiounen zu Hongkong komm.