Zënter e Freideg den Owend koum et ënnert anerem zu Kanech, an der Stad an zu Schëffleng zu Bränn. De CGDIS mellt kee Blesséierten.

Bannent e puer Stonne koum et op verschidde Plazen am Land zu Bränn.

Zu Kanech huet den Dach vun enger Scheier e Freideg géint 17 Auer gebrannt. An der Avenue Monterey an der Stad huet kuerz virun 18 Auer eng Poubelle gebrannt. Zu Useldeng huet géint 19 Auer en Appartement Feier gefaangen, zu Géisdref kuerz drop e Kamäin. An der Nuecht op e Samschdeg gouf et zu Schëffleng wéinst engem elektresche Problem e Brand. An all de Fäll gouf keng Persoun blesséiert, esou de CGDIS.

Géint 3 Auer e Samschdeg de Moie koum et op der A6 op der Héicht vum Zéissenger Kräiz en Accident mat 3 Autoen, vun deenen e Feier gefaangen huet. Wéi d'Police schreift, wier en Automobilist an de Liwwerwon virdrun geknuppt. Doropshin hätt den Auto Feier gefaangen. Beim Liwwerwon ass et beim Materialschued bliwwen.

Um hallwer 1 an der Nuecht ass zu Hamm en Auto accidentéiert. Och hei gouf kee blesséiert.

Wéi d'Police schreift, wier um hallwer 1 an der Nuecht an der Stad en Automobilist ugehale ginn, dee laanscht eng Ofspärung gefuer wier. Hie war net blesséiert. Den Alkoholtest war awer positiv, de Chauffeur huet säi Permis missen ofginn.

Kuerz virun 1 Auer huet d'Police dann och zu Betzder en Automobilist ugehalen, deen ze séier ënnerwee war. Den Alkohol- an Drogentest ware positiv. Et gouf eng Plainte erstallt.