Wéi et aus US-Medien heescht, hätt déi amerikanesch Regierung Mëtt Mee geplangt, en Atomtest als Warnung fir Russland a China ze lancéieren.

Wéi US-Medie schreiwen, hätt déi amerikanesch Regierung beschwat, eventuell Atomtester als Warnung fir China a Russland ze lancéieren. Et wier den éischten Atomtest zënter 1992. Dëst wier bei engem Meeting de 15. Mee beschwat ginn. D'Gespréich soll awer ouni Resultat op en Enn gaange sinn.

Et ass onkloer, ob d'Gespréicher iwwer e méiglechen Atomtest nach am Gaang sinn. De méiglechen Atomtest kéint als Verhandlungstaktik fir en Atom-Ofkommes mat Russland a China gëllen.