No knapp zwee Méint Grenzkontrollen zitt déi däitsch Bundespolizei e positive Bilan. Bis de 15. Juni si verschidde Grenzen nach zou.

No knapp zwee Méint zitt déi däitsch Bundespolizei e positive Bilan vun de Grenzkontrollen.

Zënter dem Ufank vun de Kontrollen de 16. Mäerz goufen 581 Haftbefeeler duerchgezunn. Knapp 500 Géigestänn, déi gesicht gi sinn, goufe fonnt. 150.000 Mol gouf d'Arees an Däitschland refuséiert, well déi betraffe Persoune kee valide Grond hate fir anzereesen.

Wéi d'Noriichtenagence dpa mellt, solle knapp 130 Mol Persoune géint d'Waffegesetz verstouss hunn.

Wéi de Chef vun der Bundespolizei Dieter Romann géigeniwwer däitsche Medie sot, géifen dës d'Zuelen d'Bedeitung vun de Kontrolle fir d'Sécherheet vum Land verdäitlechen. Däitschland hätt seng Grenze wéinst der Pandemie kontrolléiert, awer net zougemaach.

Zënter dem 16. Mäerz ginn et Grenzkontrollen un den däitsche Grenze mat Éisträich, Frankräich, Dänemark, Lëtzebuerg an der Schwäiz.

Zënter leschtem Weekend ass d'Grenz mat Lëtzebuerg nees op. Op der franséischer, éisträichescher a Schwäizer Grenz sollen d'Kontrollen nach bis de 15. Juni lafen. Et dierf just areesen, wien e valide Grond huet, also fir d'Famill besichen oder wéinst dem Beruff.