Tëscht e Freideg Owend an e Samschdeg de Moie gouf d'Police am Land knapp 30 Mol geruff, well Persoune Kaméidi gemaach hunn.

Tëscht e Freideg Owend an e Samschdeg Moien ass d'Police knapp 30 Mol geruff ginn, dat wéinst Stéierung vun der Nuetsrou. Et goufe virun allem haart Musek a Leit, déi Kaméidi gemaach hunn, gemellt.

An alle Fäll hunn déi betraffe Persoune sech kooperativ gewisen a ware méi roueg resp. hunn d'Musek méi lues gemaach.