An de Weltmierer huet sech vill méi Mikroplastik ugesammelt wéi bis lo ugeholl.

12 Milliounen Tonne Plastik lande pro Joer an de Weltmierer. Nieft de schreckleche Biller vun de Bierger aus Offall op dem Waasser sinn d’Konsequenze fir d’Ökosystemer nach vill méi schlëmm. De Problem: Plastiksoffall baut sech ganz lues iwwert en laangen Zäitraum of an zersetzt sech dobäi an ëmmer méi kleng Deelercher. Des schwammen da weider e puer honnert Joer am Waasser oder setzen sech um Mieresbuedem of.

Brittesch Fuerscher hunn elo mat neie Versich rausfonnt, dass vill méi Mikroplastik am Mier schwëmmt wéi bis lo ugeholl. D'Fuerscher hunn nach méi dicht Netzer geholl fir hier Versich ze maache wei bis lo. Weiderhin huet d’Equipe em d’Fuerscherin Pennie Lindeque matgedeelt, dass Mikroplastik schonn en Deel vun der Ernierungskette vu Fësch, Vigel a soumat och vum Mënsch wier.

© SEYLLOU / AFP

Mikroplastik si Plastikspartikel déi méi kleng wei 5 Millimeter sinn. Wéi d’Weltnaturschutzunioun IUCN matdeelt lande ronn 1.5 Milliounen Tonne Mikroplastik weltwäit an de Mierer. Zwee Drëttel dovu si Fasere vu Kleedungsstécker.

De Problem bleift awer net an de Mierer. Och an Drënkwaasserprouwe konnte Fuerscher Mikroplastik noweisen. Dëst am Leitungswaasser an och a Waasserfläschen.