Zu San Francisco an den USA ass et um Samschdeg zu engem Groussbrand um historesche Pier 45 komm. Et ass héije Schued entstanen.

An engem Hafen zu San Francisco am US-Bundesstaat Kalifornien ass et zu engem Groussbrand komm. D'Feier war um Samschdeg Moien aus bis ewell ongekläerter Ursaach an engem Lagerhal op dem historesche Pier 45 ausgebrach, esou d'Pompjeeën.

Et ass héije Schued entstanen. Zäitweis ware ronn 150 Pompjeeën am Asaz. Ee Pompjee soll bei de Läschaarbechte blesséiert gi sinn, soss wier keng aner Persoun zu Schued komm.

Um Pier 45 läit ënner anerem d'US-Militärschëff Jeremiah O'Brien aus dem Zweete Weltkrich, dat vum Brand net beschiedegt gouf. An der Géigend läit och de Pier 39 dee bei Touristen immens beléift ass duerch d'Usammlunge vun de Séiléiwen. D'Pierë gehéieren zum Touristequartier vu Fisherman's Wharf an ass duerch Attraktiounen, Restaurants a Geschäfter beléift bei Touristen.